
15 Jan. Reportage RTL https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2267014.html
Laura Di Mola: „Als Restauratrice dierf een net kreativ sinn“
Dofir suergen, dass al Wierker net verblatzen oder zerfalen, mä och fir kommend Generatiounen nach disponibel sinn. Dat ass d’Roll vum Restaurateur a Conservateur.
D’Laura Di Mola ass Conservatrice a Restauratrice vu Konschtwierker. Zanter 2003 schafft si zu Lëtzebuerg an huet sech op polychrom Skulpture spezialiséiert – also Skulpturen aus verschiddenste Materialien, déi bemoolt sinn.
“Als Restauratrice dierf een net kreativ sinn. Wann en Deel feelt un enger Skulptur – Hänn oder Fangeren – wann ech net genau weess, wéi dat war, dierf ech dat net einfach erfannen an nomaachen, well da géif ech eng Fälschung produzéieren”, sou d’Laura Di Mola.
Ier een ufänkt, un enger Skulptur ze schaffen, wier et wichteg, alles genee ze analyséieren an ze dokumentéieren, wou d’Problematike leien, wéi wäit d’Degradatioun fortgeschratt ass, ob et Schimmelbefall, Holzwierm oder soss eppes gëtt. Den nächste Schratt wier et dann, no Léisungen ze sichen, wéi d’Degradatioun ka gestoppt ginn.
Nodeems een d’Skulptur esou consolidéiert huet, dass ee se manipuléiere kann, ouni dass se futti geet, kann ee mam Botzen ufänken. Hei gëtt jee no Support a Polychromie entweder mechanesch oder mat Chemikalie gebotzt. Als Restaurateur brauch een e groussen Knowhow, ma geschützt ass de Beruff net: “Et ka jidderee sech Restaurateur nennen, mä Restaurateur si bedeit, vill Hannergrondwëssen ze hunn. Konschthistoresch, materiell awer och chemesch a physesch. A virun allem ganz vill Erfarung.”
https://play.rtl.lu/shows/lb/letzebuerger-am-ausland/episodes/r/3398059